De Séisskäschtebam, Castanea sativa Mill., dee Käschten dréit, ass e Bam aus dem Süde vun Europa, a gouf am Norden, vun de Réimer praktesch gläichzäiteg mat der Rief agefouert. De Séisskäschtbam gëtt et nach an Nordafrika an a Westasien. An Europa ass et den eenzege Vertrieder vun der Gattung Castanea.
Et ass e Bam, deen e waarme Klima brauch, an en ass empfindlech géint de Frascht.
Op dréchenen a sandege Biedem ass net vill un Zouwuess z'erwaarden, soss huet en awer keng grouss Uspréch un de Buedem.
D'Séisskäschtebeem kënne bis iwwer 400 Joer al ginn. An de Bëscher gi se a Südwestdäitschland, Bulgarien, Italien an a Rumänien ugeplanzt.
D'Friichte stinn a Kluddere vun zwou oder dräi ongeféier 3×4 cm groussen helle gielgrénge Schuelen, déi banne mat wäisse seidegen Hoer ausgekleet sinn. Et si meeschtens zwou Käschten an all Schuel, wouvun déi eng déck an zimmlech ronn ass, an déi aner kleng a konkav. Se sinn däischtergbrong a blénkeg.

Séisskäschten Schnëtt duerch de Stamm