D'Margréitchen, Bellis perennis L., ass eng Planz aus der Famill vun den Asteraceae déi e puer Joer erëmkennt, an an de Wise wiisst.
D'Bléi ass meeschtens wäiss, kann awer och liicht rosa sinn. De Bléiekapp huet en Duerchmiesser vun 2–5 cm, an an der Mëtt dovun ass e giele Knapp. Se blitt vu Februar bis August.
D'Planz déi an Europa an an der Tierkei doheem ass, gëtt tëscht 5 an 20 cm héich. D'Blieder sinn 1–6 cm laang, an hunn eng kräfteg gréng Faarf.

Margréidercher op enger Wiss