De Buddleja (och Buddleia oder Päiperlekstrausch; Buddleja davidii) ass en Trausch aus der Famill vun de Scrophulariaceae.
De Buddleja wiisst als Trausch a ka bis zu 4 m héich ginn. En huet charakteristesch, filzeg horeg Äscht. D'Blieder si bis zu 25 cm laang a 7 cm breet, schmuel a lafe spatz no vir aus. Uewendrop si se donkelgréng, ënnendrënner gro-filzeg. Se wuessen zu zwee an zwee niefteneen.
D'mof Bléie wuessen a sougenannte Rispen, déi bis 30 cm laang kënne ginn. Si ginn am Juni op a richen no Hunneg. Insekte mat laange Rüsselen, wéi Päiperleken, ginn dovun ugezunn a bestäube se. Den 3 mm klengen, spounfërmege Som gëtt mam Wand verbreet.
De Buddleja davidii ass a China an am Tibet doheem a gouf an Europa agefouert, fir a Gäert schéin ze maachen. En huet sech zanterhier och an der fräier Natur verbreet, besonnesch laanscht Eisen- an Autobunnen, Uferen oder op Broochen. En zielt deemno zu den invasiven Aarten oder den Neophyten.
De Buddleja (och Buddleia oder Päiperlekstrausch; Buddleja davidii) ass en Trausch aus der Famill vun de Scrophulariaceae.